KKN Trophy 9 Dezember 2017

Eise KKN Trophy, de Clubinterne Championnat ass dëst Joer den 09. Dezember. Hei en kuerze Resumé vum Oflaf.
KKN KIDZ:
De Start fir déi kleng ass um 08:30 Auer. Jidderee klëmmt zwou Qualifikatiounen an duerno gëtt et eng Hallef-final a schlussendlech eng Final.
Normalerweis si mer géint 12 Auer, et kann awer och sinn, dass et e bësse mei laang dauert. Duerno ass eng Präisiwwerreechung, woubäi et flott wier, wann all d’Kanner kéinte bis dohinner bliwwen. Mer wieren och frou, wann d’Elteren deen Dag kéinten dobäi sinn, fir hier Kanner ze ënnerstëtzen.
Mer organiséiere Croissante fir d’Kanner a Kaffi fir d’Elteren. 😉
KKN ADULTS:
De Start ass ewéi ëmmer um 14:00 Auer. Duerno ass natierlech dann och d’Präisiwwerreechung an et gëtt e Patt ze drénken. Och hei si Supporter wëllkomm.